21 Jan 2015

Ëmmer der Nues no … bei den Zigarespezialist!

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

An dat Geschäft an der Stad kéint ee mat zouenen Aen eragoen an et wéisst een awer, wou een ass: beim Zigarespezialist. Laanscht den “El Puro” geet am Grand-Duché kee Wee laanscht, wann een sech fir dës besonnesch Genoss-Formule interesséiert.

D’Schatzkammer vum Geschäft ass e groussen Humidor, duerch deen ee goe kann, wou Honnerte vun Zigare vun iwwer 25 verschiddene Marke bei 75% Loftfiichtegkeet gelagert sinn. Dat fillt sech e bëssen tropesch un a richt och esou. Den Giuseppe Papillo erkläert eis d’Geschicht vun der Zigar a wéi se hiergestallt gëtt. Wousst Dir, dass Zigaren, déi aus sechs amplaz aus fënnef Blieder hiergestallt ginn, eppes ganz Besonnesches sinn? Beim Giuseppe kritt een se an hien ass iwwregens bis elo deen eenzegen diploméierten Zigareverkeefer vu Lëtzebuerg.

A wat erwaart iech nieft enger nu wierklech charmanter a kompetenter Berodung nach bei El Puro? Zigaren aus Kuba, Nicaragua , der Dominikanescher Republik an den Honduras (dorënner och eng “Haus-Zigar”, déi speziell fir den El Puro hiergestallt gëtt), mee och alkoholesch Spezialitéite wéi Whisky, Rum, Cognac an Armagnac – dorënner och sou munch Raritéit. Ausserdeem kritt een divers Zigarenaccessoiren (Briqueten, Zigareschneider…) a moudesch Accessoiren (wéi Manchetteknäpp).

Good Idea : El Puro ass neierdéngs Point de vente vun diversen Davidoff-Produiten, dorënner och héichwäerteg Davidoff-Zigaren.

EL PURO


8, rue Notre Dame
L-2240 Luxembourg

 +352 27 99 88 99

 elpuro@elpuro.eu
 
 Méindes bis freides vun 11 bis 20 Auer. Samschdes vun 10 bis 19 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché