23 Dec 2014

En Tempel fir d’Frënn vun engem gudde Patt

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Amateure vu guddem Wäi kéinte bei dësem Ubléck d’Tréine kommen … vu Freed! Wäifläsche vum Buedem bis un de Plafong – an dat alles an engem modernen an agreable Kader.

D'”Vinoteca” presentéiert sech zousätzlech zu hirem Standuert zu Hollerech zënter Enn Hierscht 2014 och an der frësch renovéierter Annex vum Geriicht, direkt bei der Theaterplaz. Do bidden den Arnaud Vaingre, de Rodolphe Chevalier an de Guy Tabourin zesumme mat hire Mataarbechter Iech eng Auswiel vun hiren 3000 Wäiner aus 40 verschiddene Länner.

Et ass eng Zort Wäikaart, duerch déi een trëppele kann a wou een definitiv Loscht kritt! Den éischten Deel vum Geschäft ass exklusiv fir d’Lëtzebuerger Wäiner reservéiert. Am Moment gi sechs Wënzer mat hire Produite virgestallt. Aacht Wäiner si permanent an der Degustatioun. Am hënneschten Deel vum Geschäft erwaart Iech dann déi international Diversitéit!

Good Idea : Dir sicht no engem besonnesche Gebuertsdagskaddo? D'Vinoteca huet Millesimme vun 1930 un!
D'Vinoteca bitt ronn 150 Bio-Wäiner un.
Online stinn all déi 3000 Wäiner zur Auswiel. Bei engem Kafwäert vun 100€ u gëtt am ganze Land gratis geliwwert.
Hei fannt Dir eng grouss Auswiel u Lëtzebuerger Wäiner grad wéi méi staarken Alkohol an aner lokal Produiten.

Vinoteca


12, Côte d'Eich
L-1450 Luxembourg

 +352 26 68 38 43

 info@vinoteca.lu
 
 Méindes bis freides vun 10 bis 19 Auer. Samschdes vun 10 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché