05 Sep 2014

Frësche Wand an der Lëtzebuerger Traditiounsréischterei

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Wousst Der schonn, dass den Numm vum Lëtzebuerger Kaffisréischterer “Maison Santos” an der Stad net op eng Famill mat deemselwechten Numm zeréckgeet, mee op d’Kaffiszort “Santos”? Zënter 1928 bestinn déi beléifte Kaffismëschungen nämlech ëmmer op d’mannst zur Halschent aus “Santos”. Dat bleift och bei deenen neie Proprietairen esou.

De jonke Lëtzebuerger Tommy Houtsch bréngt soss awer frësche Wand an d’Traditiounshaus an der Groussgaass. D’Geschäft gouf moderniséiert a bitt elo Plaz fir en “séieren” Kaffi am oder virum Buttek. Nieft den 12 permanent ugebuedenen Zorte fënnt ee bei Maison Santos och Exklusivitéite wéi “Blue Mountain” aus Jamaika.

Dir hutt eng Nespresso-Maschinn a géift awer gär Kaffi vu Maison Santos genéissen? Kee Problem, well neierdéngs gëtt et vill Zorten och an den entspriechende Kapselen, ë.a. och en Transfair-Kaffi!

Good Idea : De Kaffi vu Maison Santos kënnt Dir och an Ärer Nespresso-Maschinn benotzen.
Ënnert de Standardzorten ass och en Transfair-Kaffi an en Tranfair-Bio-Kaffi. Nei ass eng grouss Auswiel u Bio-Téizorte vun der Mark "Lov Organic".
Dir kënnt all d'Kaffisspezialitéiten online bestellen. Bei méi grousse Quantitéite liwwert Maison Santos selwer, méi klenger ginn zu nidderege Fraise verschéckt.
All de Kaffi, deen hei ugebuede gëtt,  gëtt ausschliisslech op der Plaz geréischtert. Zënter Ufank Summer 2014 huet Maison Santos iwwregens den offizielle  Label "Made in Luxembourg".

Maison Santos


55, Grand Rue
L-1661 Luxembourg

 +352 22 21 82
 +352 47 16 28

 tommy@maisonsantos.lu
 
 Méindes vun 12 bis 18 Auer. Denschdes bis samschdes vun 8 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché