15 Jul 2016

Glacëgenoss ouni Grenzen am “Veneziano”

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Hunneg-Orange mat Dattelen, Macadamia-Karamell, wäisse Schockela mat Molbieren an Nëss aus dem Piemont… dat sinn nëmmen dräi vun de ronn 120 Zorten, déi de Michael Frank mat senger Equipe am Glacëlabo vum “Eiscafé Veneziano” hierstellt. All Dag stinn iwwer 50 Glacenzorten un der Téik vun der Gelateria bei der Plëss an der Stad zur Auswiel.

Iwwerdeems mir déi aktuell “Summer Ice Specials” testen (wierklech immens gutt!!!), erzielt eis de Michael vu senger Léift fir d’Glacen an dem Wonsch, senge Clienten ëmmer nees nei Zorten unzebidden. Nieft de Klassiker ass de Veneziano dofir och virun allem fir seng nei an absolut extravagant Glacenzorte bekannt. Produzéiert gëtt alles am gliesene Glacëlabo, wou Dir dem Michael a senger Equipe bei der Aarbecht kënnt nokucken.

An der Wantersaison entstinn do och Glacëparfaiten a ville Varianten, hallefgefruerene Kuch (semi-freddo), Tartufo a villes méi. Wierklech ze recommandéiere sinn och d’ “Fruit kisses Joghurt”-Produiten, Jughurte mat selwer gemaachtenem Uebstpüree. Am Glacëbuttek Veneziano gëtt een sech och gär Rendez-vous fir eng Klengegkeet ze iessen, wéi z.B. Paninien oder Crêpen.

Good Idea : Probéiert mol eppes Neies aus: De Veneziano ass mat Sécherheet dee kreatiivste Glacëbuttek zu Lëtzebuerg a bitt Zorten un, déi Dir garantéiert nach ni am Cornet oder am Dëppchen hat.
All d'Glacenzorte ginn am gliesene Glacëlabo vum Veneziano produzéiert.

Eiscafé Veneziano


1, place d’Armes
L-1136 Luxembourg

 +352 26 20 35 08

 info@veneziano.lu
 
 All Dag vun 11 bis 24 Auer. Oktober bis Mäerz bis 19 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché