21 Aug 2014

Hei léisst ee sech mat Genoss verféieren …

vun Good Idea | 1 commentaire Ech sinn de CommerçantUpdate

D’Cathy Goedert ass duerch d’ganz Welt gereest op der Sich no séissen a gehäerzten Delikatessen. Elo ass se erëm zu Lëtzebuerg – prett, fir eis mat hire Kreatiounen ze verféieren. Frësch Krevetten op Avocado-Crème a krupsegem Brout, duerno Hambier op enger Crème a lëftegem Biscuit – wie kann do schonn Nee soen?

„Jong an traditionell“, sou léisst sech d’Atmosphär am Haus Cathy Goedert am beschte beschreiwen, e modernen Ambiente a Wäiss an Anthrazit. D’Kichen ass mat Glas ofgetrennt, sou datt een de Käch a Patissieren iwwer d’Schëller ka kucken. Zesumme mat hirer Geschäftspartnerin Michèle Schmitz an engem jonken, motivéierten Team bitt d’Cathy Goedert hir delikat Mäifelcher u fir matzehuelen oder op der Plaz ze genéissen.

Nieft verschiddene Sëtzecker um Rez-de-Chaussée gëtt et um éischte Stack Plaz fir bis zu 140 Persounen – iwwregens ideal fir Evenementer. Donneschdes owes invitéiert d’Cathy op den „Apero“ op d’Terrass (déi wann néideg gehëtzt ka ginn)!

Good Idea : Probéiert onbedéngt dem Cathy seng Spezialitéit, d’„Snikers“ – eng Schockelas-Nabellerei vum Feinsten!
„Baked in Luxembourg“: Beim Cathy Goedert gëtt frësch gebak. D’Rezepter fir d’Brout zum Beispill si vum Max Nosbusch aus Veianen.

Cathy Goedert Pâtisserie Fine


8, rue Chimay
L-1333 Luxembourg

 +352 26 20 21 49

 info@cathygoedert.lu
 
 Denschdes bis samschdes vun 7 bis 20 Auer. Sonndes vun 9 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 2 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
1 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

  • Catherine: 2016-11-08 19:41:26
    J'ai acheté un assortiment de pâtisserie: tarte au citron, prali-brest, snikkers et tarte à la crème de marron. Mes convives et moi nous sommes régalés.
  • Kimo: 2016-11-08 14:09:39
    Trop loin de ce que la concurrence offre surtout en qualité ..............désolé
  • CG: 2015-06-16 11:37:07
    @Dorotch,
    Nous sommes désolés si la pâtisserie n'était pas à votre goût. Passez nous voir, nous sommes toujours ouverts pour une critique constructive.
    Nos éclairs à emporter coûtent 2,90 ou 3,10€ , selon le goût.
  • dorotch: 2015-06-08 13:18:57
    Passez votre chemin... 4,20€ pour un eclair sec... plus jamais
Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch

  • Claude Schiltz: 2014-12-14 22:35:12
    Super Brunch. Leift Personal. Bescht Schoklasrull EVER :-) Weider sou ! Schein dass een mol endlech eirens a Rou frühstücken ka goen



Besicht de Grand-Duché