19 May 2014

Héichprozenteg Seelenheete fir Är Bar

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Am Brenne vun héichprozentege gudde Saachen hunn d’Mariette an de Camille vill Joer Erfarung. D’Geschicht vun der Brennerei am Familljebesëtz geet souguer bis an d’Joer 1862 zeréck. Uebst vun hei aus natierleche Bongerte ginn an der Distillerie Diedenacker zu besonnesch aromatesche Branntewäiner a Likören -iwwregens ouni Zousaz vun Zocker oder Aromen- verschafft.

D’Produite stinn ënnert der Opsiicht vun der “Marque Nationale”. Eng ganz besonnesch Spezialitéit ass de Whisky “Number One”, deen ëmmer nach deen eenzege Lëtzebuerger Whisky ass. E gëtt op d’mannst fënnef Joer laang a klengen Holzfässer gelagert. Sidd Der op de Goût komm? Da kommt dach mol beim Diedenacker op eng Degustatioun laanscht!

Good Idea : Dir kënnt d'Brennerei zu Nidderdonven op Rendez-vous besichtegen an déi verschidde Produiten natierlech och schmaachen.
Doduerch, dass Uebst vun heiheem verschafft gëtt, dréit d'Brennerei Diedenacker zum Bestand vun ale Bongerte bäi.
Bal all d'Uebst, dat gebraucht gëtt, staamt vun eegene Beem oder Beem aus der Regioun.

Distillerie Diedenacker


9a, rue Puert
L-5433 Niederdonven

 +352 26 74 71 08
 +352 26 74 71 08

 duhrcam@pt.lu
 
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 12 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché