06 Dec 2013

Kaempff-Kohler

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Sou schmaacht Lëtzebuerg: Zënter 1922 verwinnt d’Traditiounshaus Kaempff-Kohler d’Lëtzebuerger an hir Gäscht mat allerlee raffinéierten Delikatessen! Wien net als Gourmet an d’Geschäft tëscht dem Knuedeler an der Plëss erageet, dee kënnt awer sécher als Gourmet eraus!

Bekannt ass d’Haus ënner anerem duerch seng excellent Patisserie a säi Kéisrayon, an deem Dir ronn 180 verschidde Kéiszorten entdecke kënnt. E Sommelier recommandéiert Iech wann néideg och direkt de passende Wäin derbäi. Beim Kaempff-Kohler kënnt Dir gär eng kulinaresch Paus aleeën – an Iech bei schéinem Wieder op d’Terrass setzen.

Fir Familljen- oder Betribsfeiere kënnt Dir vun hirem Party-Service profitéieren! Besicht och d’Filial zu Nidderaanven (11, Z.I. Bombicht).

Good Idea : Lëtzebuerger Traditiounshaus mat Garantie op Genoss!

Kaempff-Kohler


18, place Guillaume
L-1648 Luxembourg

 +352 26 86 86-1
 +352 26 86 86-431

 mag.lux@kaempff-kohler.lu
 
 Méindes bis samschdes vun 8 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché