“Konrad” ass en absolute Geheimtipp, deen an der Uewerstad situéiert ass. Zënter e puer Joer etabléiert, huet een elo d’Konzept e bësse geännert, d’Lokal an och d’Offer vergréissert. An dësem frëndleche Bar-Café treffen sech all méiglech Leit a verbréngen do hir Zäit an enger entspaantener Atmosphär.
Et ass e Café-Stil, deen een aus Stied wéi Berlin, Paräis oder Bréissel kennt an deen an der Lëtzebuerger Haaptstad leider nach net sou dacks vertrueden ass. Mee wie sicht, dee fënnt! An der Kiche vum Konrad leet ee Wäert op d’Verschaffe vu lokalen a saisonale Produiten. Offréiert ginn: déi bescht Kaffien, Téi, verschiddenst hausgemaachte Snacken, Gourmetssandwichen, Quichen, Kuchen … Zäit fir ze relaxen? Zäit fir Konrad!






Méindes bis samschdes vun 10.00 bis 1.00 Auer. Sonndes von 11.00 bis 1.00 Auer. 



