30 Sep 2013

Lët’z go local

vun Linda | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Di éischt Editioun vum “Lët’z go local”-Maart fënnt de Weekend vum 5. a 6. Oktober statt, a bid dem Publikum eng Rei Lëtzebuergesch Produit’en, Créatiounen a Servicer un. Kommt an entdeckt d’Vilfalt vun der Lëtzebuerger Produktioun an di verschidden “Acteur’en” di dohannert stinn. De Maart wäert di zwee Stäck vum CarréRotondes besetzen, d’Participant’e sinn no de verschidde Kategorie gruppéiert (Gastronomie, Moud an Design, Famill a Jugend, Sport a Fräizäit, Natur a Wellnesskur, Editioun a professionell Servicer).

E Samschde steet Show-cooking um Program, mat am Hannergrond, engem DJ Set. De Sonnden ass Famillien-Dag ugesot. D’Kanner wäerten dann d’Méiglechkeet kréien u sämtlech Workshop’en Deel ze huelen, wou ënner anerem geléiert gëtt seng eege Melusina-Popp ze bastelen.

Good Idea : Lokale Maart, Marché local, Vitrin vu design Produiten a Servicer zu Lëtzebuerg.

Lët'z go local


1, Rue de l’Aciérie
L-2651 Luxembourg

 +352 621 662 967

 letzgolocal@gmail.com
 
 vun 10.00 bis 18.00 Auer
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché