21 Sep 2015

Lëtzebuerger Cider… dat e bëssen anert Fruuchterliefnes

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Mir ginn erof an den däischtere Keller vun engem historesche Bauerenhaus zu Bur (Born), dat klengt idyllescht Duerf un der Ënnersauer. Al Fässer stinn u fiichte Maueren. Et richt no Geschicht. Hei gouf viru ville Jore Viz produzéiert, erkläert eis de Carlo Hein. De Lëtzebuerger produzéiert zënter 2014 ënnert dem Markennumm “Ramborn” den éischte Lëtzebuerger Cider. Hie géif gär dat aalt Bauerenhaus zu neiem Liewen erwächen: Hei sollen edel Cidervariante produzéiert ginn, mat der Méiglechkeet se ze schmaachen.

Mam Cider geet en neie Wand duerch d’Sauerdall. De Carlo Hein schätzt, dass et am Moment do nach ronn 5000 Héichstamm-Äppelbeem gëtt. Vill vun hinne sinn iwwer 60 Joer al, kaum gefleegt a riskéieren, ofzestierwen. E Projet, fir se ze fleegen an opzeäschte soll d’Bongerte retten an an Zukunft eng räich Recolte fir dee gudde Cider bréngen. E Pilier fir d’Produktioun vum Gedrénks ass d’Äppelzort “Rambo”. Jo, déi heescht wierklech esou, an elo kënnt Dir Iech sécher erklären, wou den Numm “Ramborn” hierkënnt. De Carlo Hein huet eng renomméiert Cider-Akademie an England besicht a kann ëmmer nach op professionnell Hëllef vun der Insel zielen, wann et drëms geet, nei Cidervarianten ze entwéckelen.

Awer elo genuch där dréchener Informatiounen … Näischt geet iwwer probéieren! Mir testen de Ramborn Cider bei der recommandéierter Temperatur vun 2°C. Kloer, hell Faarf, reng spruddeleg, an dobäi e fantastesche Goût vum puren Apel a verschiddenen Nuancen, weder opdrénglech séiss, nach alkoholesch batter. Eng absolut ronn Saach! Lo ass et un Iech! Mir si gespaant op Är “Ramborn-Experience”! Dir kritt de Ramborn Cider iwwregens iwwer Internet, an ausgewielte Geschäfter a Baren a bei verschiddene Manifestiounen am Land.

Good Idea : Wann Dir en ausgefalenen (kulinareschen) Kaddo vu Lëtzebuerg sicht oder Är Party gedrénksméisseg oppeppe wëllt,  dann hutt Dir mat Ramborn-Cider Är Good Idea fonnt.
All d'Äppel kommen aus ökologesch wäertvolle Bongerten a ginn net gesprëtzt.
Dir kënnt dat komplett Ramborn-Sortiment (verschidde Cider-Zorten, Kaddoscoffreten, Accessoiren) am eegenen Onlineshop bestellen.
Den éischte Lëtzebuerger Cider ass e richtege Genoss! Fir de Cider vun dësem Joer ginn all d'Prozesser vum Ubau vun den Äppel bis zur Offëllung an d'Fläschen zu Lëtzebuerg duerchgefouert.

Ramborn


23, Duerfstrooss
L-6660 Born

 info@ramborn.com
 
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché