20 Jan 2014

Mam “eegenen” Riefstack duerch d’Wäijoer

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Hutt Dir gär Wäin? An interesséiert Der Iech och dofir, wou en hierkënnt a wéi en hiergestallt gëtt? Da wier e Riefstack-Parrainage zu Schengen op der Musel genee dat richtegt fir Iech! “Rent e Riefstack”: Ënnerstëtzt vu lokale Wënzer kann een um Markusbierg zu Schengen en eegene Riefstack lounen.

Wie sech fir de komplette Pak (deen “Den aktiven Wäinamateur” heescht) entscheet, ass live mat derbäi, wann de Wäin entsteet: Vun der Bléi bis bei d’Drauwelies an de Wéngerten, mat enger Cremants-Degustatioun, Féierungen, kulinareschem Spadséiergank a villem méi. Wäin fir doheem gëtt et natierlech och – mat enger personaliséierter Etiquette. Als Ofschloss gëtt eng Wäiprouf mat Diplomiwwerreechung organiséiert.

Fir manner aktiv Wäinamateure gëtt et iwwregens den “Parrainage Prestige”, eng Zort Light-Parrainage ouni spezielle Kaderprogramm. Méi genau Infoe gëtt et beim Syndicat d’Initiative vu Schengen.

Good Idea : Eng perfekt Kaddosiddi fir Wäinamateuren - originell a fuschnei!

Mam "eegenen" Riefstack duerch d'Wäijoer


B.P. 20
L-5506 Remerschen

 info@si-schengen.lu
 
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché