16 Jun 2015

Mmmmh … belsche Schockela

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Opgepasst, schonn eleng drun ze denke ka süchteg maachen: Lecker Schockelastrüffele mat batterem Kakao drop a kleng Schockelas-Carréen aus knackegem schwaarze Schockela mat enger dezenter Fëllung. An, Loscht op Schockela? De belsche Schockelasproduzent “Neuhaus” stellt déi kleng Schneekereie schonn zënter 1857 hier.

Mir waren a senger Filial an der Groussgaass an der Stad op Besuch. E Paradäis! Wéi wier et mat enger klenger Degustatioun? Fänke mer u mat der Serie “Irrésistible”, leckere Krokant gefëllt mat Crème fraîche oder Ganache (Mëschung aus Schockela, Ram a rengem Botter). Da kënnt d’Serie “Manon” mat der schneekeger “Manon sucré”, en Dram aus Bottercrème an Zocker, iwwregens handgemaach vun de Schockelasexperten aus der Belsch.

Fir d’Summersaison huet Neuhaus eng limitéiert Editioun unzebidden: Knipperches-Duoen, déi eng richteg Explosioun vum Goût ausléisen … Rouseblieder an Hambier, Sichuan Peffer an Ananas-Ganache, Veilchen an italienesch Meringue. Wann Dir elo Loscht op Séisses krut, da kënnt Dir bei Neuhaus fäerdeg Këschte kafen oder Iech Är Auswiel individuell zesummestelle loossen.

Good Idea : Bei Neuhaus fannt Dir Knipperchers-Klassiker an och absolut ausgefale Schneekereien. Praktesch fir Allergiker: Op Ufro kritt Dir eng Lëscht vu potentiellen Allergenen.

Neuhaus


61, Grand-Rue
L-1661 Luxembourg

 +352 26 20 19 17

 luxembourg.grandrue@neuhaus.be
 
 Méindes bis samschdes vun 10 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché