10 Sep 2012

Namur

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Den Numm “Namur” steet zënter 1863 fir exzellent Pâtisserien an Traiteursproduiten. De Betrib, deen elo scho laang zu den “Fournisseurs de la Cour” gehéiert, gëtt an der Tëschenzäit vun der sechster Generatioun geleet. Ganz wichteg ass beim Namur d’Auswiel vun héichqualitativen an exquisiten Ingredienten: sizilianesch Mandelen, onbehandelt spuenesch Orangen… Sou kënnt Dir Iech op Top-Produiten an aussergewéinlech Erliefnesser fir Äre Gomm freeën!

Den Namur zielt zu de wéinegen Haiser, déi halleffäerdeg Produite wéi Marzipan oder Bliederdeeg nach selwer hierstellen. Schockela gëtt a klenge Quantitéiten an no iwwerliwwerte Rezepter produzéiert.

Fir all méiglech Evenementer wéi z.B. Hochzäiten, Gebuertsdeeg oder Konferenze kann een nieft dem Catering och Säll beim Namur lounen. Am Grand-Duché ass den Namur an der Stad, op der Gare, zu Esch-Uelzecht, Angelduerf a Bartreng (Belle Etoile) ze fannen.

Good Idea : All d'Produite vum Namur ginn a klassescher Handwierkstraditioun hiergestallt.

Namur


27, rue des Capucins
L-1313 Luxembourg

 +352 22 34 08

 Méindes vun 11.30 bis 18.00 Auer. Denschdes bis samschdes vun 8.30 bis 18.00 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché