01 Mar 2013

Oberweis “Flagship-Store”

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

En Traditiounshaus ganz modern: Zwee Joer nom Ufank vun de Bauaarbechten ass elo déi nei “Vitrine” vum Oberweis an der Stad opgaang. Net wäit vum fréiere Stammhaus ass op 900 m² dee grousse Gourmet-Tempel enstan.

Um Rez-de -Chaussée ginn d’Konschtwierker vun der Pâtisserie Oberweis verkaf, grad wéi Schockela an Traiteursproduiten. Um éischte Stack ass de Salon de thé, um zweete fënnt een e Restaurant an um fënneften e Sall fir privat Receptiounen.

Bei der Architektur vum Haus a bei der Ariichtung vum Geschäft hunn d’Architekten Hélène an Olivier Lempereur Impressionnantes geleescht: An der Entrée dominéiert e sailenähnlecht Element vun 9 Meter a roude Faarftéin. Déi gesamt Ausstattung ass zäitgenëssesch an häerzlech, woubäi Verschiddenes un Art-Déco erënnert. Genéisst d’Gourmandisë vum Oberweis an enger neier frëndlecher Ambiance, mat Miwwelen aus hellem an donkelem Eechenholz, Liederbanquetten a waarme Faarwen a lackéiert Dëscher a Champagne-Téin.

Dës nei Heemecht vun de Lëtzebuerger Gourmete sollt Dir Iech net entgoe loosssen!

Good Idea : Bescht Oberweis-Qualitéit trëfft op top-modernen Design!

Oberweis "Flagship-Store"


16, Grand-Rue
L-1661 Luxembourg

 +352 47 07 03

 
 Méindes bis freides vun 7.30 bis 18.30 Auer, a samschdes vun 8 bis 18.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

  • Naqvi kazem: 2013-03-02 20:04:12
    I am impressed with the wonderful write up on the newly inaugurated Oberwies outlet in the heart of Luxembourg City. I am going to visit the outfit next week and taste the goodies.
Kommentieren

*erforderlich

  • Jutta balansino: 2015-11-17 16:18:29
    Oberweis in auchan... Katastrophale Bedienung .. Laden ist nicht halb voll .. Warte schon 15 Minuten dass ich eventuell gefragt werde ob ich was trinken möchte.. Anderen leuten geht es gleich .. Tische nicht abgeräumt... Bedienungen halten zu 4 t Schwätzchen an Kasse. Ich gehe jetzt zu Paul s
Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché