16 Nov 2013

Oiko-Bakhaus

vun Frank | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Och haut, vill Joren no der Grënnung vum „Oiko-Backhaus“, stécht nach ëmmer eng gesond Portioun “Holzuewen-Romantik” an deem, wat de Fränk Obertin mécht. Deemools wéi haut ass et dem Lëtzebuerger Bäcker wichteg, no aler Traditioun ze baken.

Dem Obertin säi Brout gëtt aus Bio-Vollkarmiel, mat engem Natur-Sauerdeeg a bei verschiddene Broutzorten och ouni Hief gebak. De groussen Erfolleg vun de Produite schwätzt dobäi fir sech: Den absolute Renner sinn d’Vollkar-Weess-Brout, d’Sesambrout an d’Roggebrout.

Sou wéi et an där aler Bakstuff zu Remerschen ugefaang huet, sou geet et zënter dem Summer 2013 an der neier Bäckerei zu Mënsbech weider. Och fir d’Produiten, déi do hiergestallt ginn, gëllen dräi Prinzipien: de gudde Goût, d’Diversitéit vun de Produiten an déi natierlech, biologesch Ingredienten. Äre perséinleche Genoss fir Gebakenes ass ganz no bäi: Hei fannt Dir d’Point-de-venten.

Good Idea : Fir de richtege Genoss vum Brout: Traditionell hiergestallt Bio-Gebakenes "Made in Luxembourg".

Oiko-Bakhaus


13, rue Gabriel Lippmann
L-5365 Munsbach

 +352 26 15 19 480
 +352 26 15 19 481

 info@biobaecker.lu
 
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché