17 Jun 2013

Picknick @ Villa Vauban

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Verbréngt Är Mëttespaus dach mol op eng originell Manéier! D’Villa Vauban bitt an hirem Gaart en “Pique-nique artistique” un. Erlieft nach de ganze Summer iwwer schéi Momenter am Krees vun Äre Frënn oder ganz romantesch zu zwee op dëser roueger Plaz matten an der Stad.

Dir kritt Picknick-Kierf, déi Der ganz no Ärem Goût zesummestelle kënnt. Iessen an Desserte ginn aus frëschen italienesche Produite vun “Altrimenti” preparéiert. Bestellt bis Mëtternuecht den Dag virun Ärem Picknick bei altrimenti.lu.

An nom Iessen? Do geet et entweder an de Musée oder Dir kënnt Iech dobausse mat Spiller, déi Grouss a Kleng vum Musée zur Verfügung gestallt kréien, ameséieren.

Good Idea : Profitéiert vum Apéro Afterwork all Freiden!

Picknick @ Villa Vauban


18, avenue Emile Reuter
L-2420 Luxembourg

 +352 47 96 49 00

 
 Méindes a mëttwochs bis samschdes vun 12.00 bis 14.00 Auer. Freides och vun 18.00 bis 21.00 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché