20 Jul 2014

Pure Kaffi, pure Goût … frësch vun Esch/Uelzecht

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Wann Der zu Esch/Uelzecht dem Doft vu frësch geréischtertem Kaffi nogitt, da lant Der mat grousser Wahrscheinlechkeet bei “Babbocaffè”. An engem schicken Eckhaus matten an der Stad Esch réischtert de Lëtzebuerger Saro Pica déi vun him ausgewielte réi Kaffiszorten, déi Der do kafen an natierlech och schmaache kënnt.

Dobäi kritt een eng kleng Auswiel u Kuch an och anert Gedrénks wéi z.B. Milkshaken. Et sinn ëmmer Kaffiszorten aus 8 bis 10 Länner ze kréien, dorënner och méi besonnescher wéi en australesche Grand Cru, Bio-Zorten a geschwënn och decaféinéierte Kaffi a Fairtrade-Kaffi.

Wat fir e Kaffi passt bei Iech? Mathëllef vun engem spezielle kuerze Questionnaire an enger kompetenter Berodung vum geléierte Barista Babbocaffè fannt Dir zimlech sécher de Kaffi mam perfekte Goût fir Iech. A spezielle Course kënnt Dir iwwregens vill vum Expert léieren! De Programm vun de Course fannt Dir hei.

Good Idea : D'Equipe vu Babbocaffè creéiert fir Iech op Wonsch Äre ganz eegene Kaffi, vun der Kaffisboun bis zur individueller Etikett.
Babbocaffè bitt ëmmer op d'mannst eng Bios-Zort un.
Dës Kaffiszorte ginn zu Esch/Uelzecht geréischtert.

Babbocaffè


26, rue des Remparts
L-4303 Esch-sur-Alzette

 +352 57 30 31

 info@babbocaffe.lu
 
 Méindes bis samschdes vun 8 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché