18 Feb 2014

Réischtert Är eege Kaffismëschung!

vun Sebastian | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Ëmmer der Nues no, op der Spur vu frësch geréischertem Kaffi: Sou fënnt een “Budai Coffee” am beschten, well de Proprietaire a Kaffisamateur Tim Doppler huet sech an engem Deel vun enger Industriehal zu Conter installéiert. Do entféiert hien Iech gär an d’Welt vum Kaffi – am Kader vu Seminairen, wou Dir d’Arome kenneléiert a schliisslech Är eege Mëschung réischtere kënnt.

Bei Budai Coffee si Palette mat Säck stockéiert, déi voll mat grénge Kaffisbounen aus ënnerschiddlechen Ubaugebidder sinn, dorënner och méi ausgefalene wéi dem Jemen, Hawaii an Australien. Wousst Dir, dass de Kaffi ursprénglech aus Äthiopien kënnt? Den Tim Doppler bitt Iech och wëlle Kaffi aus Äthiopien un. E puer Zorte sinn iwwregens Bio-a Fair Trade- certifiéiert.

Rendez-vousen an Neiegkeete fannt Dir op Facebook an op der Internetsäit vu Budai Coffee.

Good Idea : D'Produite vu Budai Coffee kritt Dir am eegenen Online-Shop an op der Plaz zu Conter.

Réischtert Är eege Kaffismëschung!


5b, rue de l’Etang
L-5326 Contern

 +352 26 35 28 28

 info@budai-coffee.com
 
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

  • christine Ney: 2014-06-08 15:48:57
    Danke für den schönen Tag!
    Für alle Freunde guten Cafés eine Prima Sache!
Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché