25 Jan 2016

Schockelas-Schneekereien

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

En Dram am Brongen … mol méi donkel, mol méi hell, mol méi batter, mol méi séiss. Bei “Jeff de Bruges” zu Esch/Uelzecht hutt Dir d’Qual vun der Wahl: Knippercher a Schockela iwwerall!

Et läit en dezente Kakaosdoft an der Loft, d’Sylvie, d’Proprietärin vun deem klenge Buttek an der Escher Foussgängerzon tässelt elegant Pyramiden aus klenge Schockelaskonschtwierker a gëtt eis hir Liiblingsspezialitéit, fir ze probéieren. Den “Cornet bleu” huet net nëmmen eng schéi Form, mee schmaacht och dank dem Fondants -Mëllechschockela an de krupsege Crêpestéckercher einfach fantastesch. Wéi vill aner Leit huet och d’Sylvie d’Mark “Jeff de Bruges” iwwer déi beléifte Spezialeditioune kenne geléiert. Déi gëtt et fir déi verschidde Fester am Joer (Vältesdag, Ouschteren, Chrëschtdag), mee och z.B. am Kader vun der Hierschtaktioun “Chocolat d’automne”.

Ganz originell sinn déi berühmt Mieresfriichten aus Schockela. D’Spezialitéite vun “Jeff de Bruges” ginn zwar an der Belsch produzéiert, allerdéngs net zu Bruges, wéi een duerch den Numm kéint mengen. Wann een als Grënner vun enger Schockelasmark mam Familljennumm “Jambon”, also Ham, heescht, huet een allerdéngs keng aner Wiel wéi sech en Numm ze iwwerleeën, dee bei de Produit passt, erklaërt eis d’Sylvie an dréckt eis en A zou.

Good Idea : Bei "Jeff de Bruges" fannt Dir ëmmer nees nei Editiounen an attraktiv Verpackunge mat ville séisse Schneekegkeeten. Passend fir Ouschtere kënnt Dir grouss Schockelaseeër mam Numm vun Äre Léifsten dekoréiere loossen.

Jeff de Bruges


103, rue de l‘Alzette
L-4011 Esch-sur-Alzette

 +352 26 53 28 51
 +352 275 189 81

 Jeffdebruges-esch@pt.lu
 
 Méindes vun 13.30 bis 18 Auer. Denschdes bis samschdes vun 9 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché