05 Oct 2014

Séiss Konschtwierker fir speziell Occasiounen

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

D’Héicht vun engem Stack ass 11 Zentimeter. Vläicht e bësse wéineg kéint ee mengen, net awer, wann ee vu Stäck vun engem Kuch schwätzt. D’Nelly Perreira an hir Kollege vun “Cakebox” hu scho Kuche bis zu 1,20 m Héicht gebak! An invitéieren zënter kuerzem och op de Live-Tasting an den neie Café vu Cakebox.

Dee professionelle Pâtissier an déi selwer entwéckelt Rezepter maachen net nëmmen, dass déi séiss Konschtwierker fantastesch schmaachen, mee si gesinn och wierklech gutt aus, well d’Nelly ass eng richteg Kuchekënschtlerin. Et gëtt bal näischt, wat si net aus hirem selwer gefierftene Fondant op de Kuch zaubere kéint.

Vum éischter méi klenge Gebuertsdagskuch iwwer Kuche fir Betribsfeiere bis bei den Hochzäitskuch (wou et roueg däerf e puer Stäck méi héich sinn) ass alles machbar a virun allem individualiséierbar. Bestellt onbedéngt esou fréi wéi méiglech … zum Beispill wann Der eng Kéier gemittlech do am Café sëtzt – quasi an der “Cakebox”!

Good Idea : Freides gëtt et bei Cakebox d"Friday-Box" - eng lecker Mëschung vu verschiddene klenge Pâtisserien, z.B. fir d'Kollegen am Büro!
D'Nelly an hir Equipe verschaffe sou vill Bio-Produite wéi méiglech!
Dem Nelly seng Kuche ginn zu Lëtzebuerg entworf an hiergestallt. Et gi sou wäit wéi méiglech lokal Produite benotzt.

Cakebox


30, rue de Clausen
L-1342 Luxembourg

 +352 28 77 45 17

 info@cakebox.lu
 
 Denschdes bis samschdes vun 8 bis 18.30 Auer. Sonndes vun 8 bis 13 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché