20 Sep 2014

Sidd Der prett fir en Dram aus Molbier, sou zaart wéi Botter?

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

„Chocolate Explosion“, „Tiramisu“, „Carotte“… Cupcakë si scho laang dem Kathy seng Passioun. Bis ewell huet déi gebierteg Australierin virun allem Frënn a Bekannte mat deene leckere klenge Kuchen, doheem gebak, eng Freed gemaach. Zanter dësem Summer ka jiddereen dovu profitéieren.

Am „Kathy’s Deli & Cupcakery“ op der Stater Gare ginn d’Cupcaken ëmmer frësch preparéiert: Mat Bottercreme, selwer gemaachter Deko an dat alles den Owend virdru preparéiert … wéinst dem gudde Goût! Mir hunn de Molbier-Cupcake probéiert. En Dram vu Molbier; an, wéi d’Kathy confirméiert, elo schonn e Favorit bei der Clientèle. Eemol an der Woch gëtt et e Cupcake-Special. Loosst Iech iwwerraschen.

Am „Kathy’s Deli & Cupcakery“ kënnt Dir den Dag iwwregens och scho mat engem “amerikanesche Breakfast” ufänken, eng gutt Alternativ zum Kaffi am Hotel oder um Comptoir. Mëttes ginn et Sandwichen, Bagelen, Zoppen an Zaloten (och fir matzehuelen). A wéi wier et mat enger “Chocolate Explosion” als Dessert ?!

Good Idea : Dir sicht eppes Séisses fir doheem, eng Hochzäit oder e Gebuertsdag? Dem Kathy säi Motto ass: "Geet net gëtt et net"! Frot also roueg no der Catering-Offer an de Produiten op Commande.
Dem Kathy seng Cupcakë si séiss Lëtzebuerger. D'Kathy verschafft wa méiglech lokal Produiten, fir alles Séisses oder Salzeges hierzestellen.

Kathy’s Deli & Cupcakery


9, rue de Strasbourg
L-2561 Luxembourg

 +352 26 12 31 86

 info@kathys.lu
 
 Méindes bis freides vun 8 bis 18 Auer. Samschdes bis 16 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché