14 Mar 2014

Spannend Rees duerch d’Welt vun den Téizorten

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Nach ier mer an den “Palais des Thés” gaange sinn, war eis bewosst, dass ee bei Téi net nëmmen un déi kleng Säckelcher mat Metallklamer muss denken. … Mee déi onheemlech grouss Varietéit vun iwwer 200 Zorten (dorënner och vill Bio-Zorten) huet eis dann awer zimlech beandrockt!

Als Begréissung kann ee sech mol direkt en Téi geneemegen – moies gi reng Téizorten ugebueden, nomëttes aromatiséierter. Dat modernt Lokal ass ganz op “Téi-Entdeckung” ausgeriicht. Kleng Schësselcher bidden d’Méiglechkeet vill Téizorten ze richen. Dat frëndlecht Personal weist och gär ganz ausgefalen Zorten: verschidden “Grands Crus” aus ënnerschiddlechen Ubaugebidder, Millesimen (Scho mol en 99er-Téi gedronk?!), oder fermentéiert Téizorten, déi een – wéi den “Pu Erh”- a Form vu méi décke Fluede kafe kann, an déi e ganz speziellen Äerd -Aroma entwéckelen.

Déi passend Accessoiren däerfen natierlech net feelen. Am Palais des Thés kritt Der ausgefalen Tasen, Kanen a Läffelen “Made in Japan” oder “Made in China”.

Good Idea : D'Téispezialiste vum Geschäft féieren Iech gär an d'Geheimnisser vun der japanescher oder chinesescher Téizeremonie an. Dat passend  Equipement fir doheem gëtt et iwwregens och ze kafen.
Dëse Buttek offréiert och vill Bio-Zorten!

Spannend Rees duerch d'Welt vun den Téizorten


6, rue Chimay
L-1333 Luxembourg

 +352 26 47 80 30

 
 Méindes bis samschdes vun 9.30 bis 18.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché