24 Jun 2015

Ural europäesch Wënzertraditioun: Rumänesche Wäin

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Bei dëser Good Idea geet et ëm richteg Raritéiten, ëm edelt Gedrénks, dat een hei am Land kaum kennt. “Vinsroumains.com” ass e lëtzebuergeschen Online-Shop fir rumänesch Wäiner, geréiert vum Georges Lazu. Hien ass e gebiertege Rumän an ass schonn 1975 op Lëtzebuerg komm. Siwe Joer drop huet hien déi éischt rumänesch Wäiner importéiert, well Lëtzebuerger hien duerno gefrot hunn. “Déi sinn deemools dacks an d’Kur a Rumänien gefuer an hunn do eise Wäin schätze geléiert”, erzielt de Georges – bei engem Glas “Feteasca Neagra”, iwwregs déi bedeitendst autochthon Riefzort vum Land.

Mir probéieren och a stelle fest: Eng ganz nei Erfarung, wat de Goût ubelaangt, Gewierznotten, rout Friichten, feinen Tannin. De Georges stellt seng kleng awer reng Auswiel u wäissem Wäin, Rosé, Dessertswäin a Mousseux op senge Reesen duerch Rumänien zesummen. Hien ass Client bei klenge Kellereie mat éischtklassescher Qualitéit. Dat schmaacht een! D’Wäibautraditioun an deem osteuropäesche Land ass laang.

Wousst Dir, dass d’Réimer an d’Griiche bei de rumänesche Wënzer an d’Léier gaang sinn? Déi rumänesch Wäinregioune leien iwwregens an deselwechte Breedegrade wéi d’Regioune vun de franséische Bordeauxen. Och dat schmaacht een! Geheit emol e Bléck an dem Georges säin Onlineshop! Eng reduzéiert Auswiel u rumänesche Wäiner kritt Dir och am Cactus an der Belle Etoile an am Cactus Bascharage.

Good Idea : Verpasst net dem Georges seng grouss Degustatiounen, dëst Joer den 23. an de 24. Oktober. Soss kënnt Dir och gär onkomplizéiert e Rendez-vous fir eng Degustatioun ofmaachen!
Dir kënnt Är Wäinauswiel online bestellen an iwwer PayPal bezuelen. De Georges liwwert vun enger Mindestcommande u bannent Lëtzebuerg an an dat not Grenzgebitt. Dir kënnt Är Bestellung awer och selwer siche goen.

Vinsroumains.com


25, avenue du Parc des Sports
L-4671 Differdange

 +352 691 515 885
 +352 58 02 64

 contact@vinsroumains.com
 
 Op Rendez-vous.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché