05 Mar 2013

Vinocity

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

De Grand-Duché ass bekannt fir seng räichhalteg Wäiproduktioun. En Ausfluch op d’Lëtzebuerger Musel ass eng perfekt Geleeënheet, fir déi genësseg Wäiner ze probéieren an ze kafen. Zënter kuerzem kann een dat och direkt an der Stad erleedegen: “Vinocity” heescht dat neit Geschäft, dat virun net laanger Zäit vun den Domaines Vinsmoselle um Site vu Villeroy&Boch am Rollengergronn opgaang ass.

Do kënnt Dir vill Wäiner a Crémantë vun den Domaines Vinsmoselle degustéieren an natierlech och direkt mathuelen: Crémant Poll-Fabaire, Coteaux de Schengen, Charta Schengen Prestige, Art&Vin an Edmond de la Fontaine sinn e puer Produktlinnen, déi hei ugebuede ginn.

Good Idea : Wann Dir spontan e Cadeau braucht, fannt Dir hei eng Auswiel vu virgekilltene Wäiner a Crémanten an nach vill aner Cadeausiddien.
Degustéiert vill Wäiner a Crémantë vun den Domaines Vinsmoselle!

Vinocity


330, rue du Rollingergrund
L-2441 Luxembourg

 +352 26 26 23 40

 vinocity@vinsmoselle.lu
 
 Méindes bis samschdes vun 9 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché