02 Jun 2010

Wäistuff Deisermillen

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

 

D’Oenologie ass DEEN trendy Hobby zanter e puer Joer. D’Kellerei Schlink-Hoffeld huet dësen Trend net ofgewaart, si gëtt et zanter 1911.

A fir um läschte Stand ze sinn, huet d’Kellerei och eng Wäistuff op der Deisermillen ageriicht, wou der an engem grengen Kader Wäi schmaache kënnt.

Kommt laanscht a schmaacht déi exzellent Wäiner vun der Caves Schlink-Koffeld. An dir kënnt och wann der wëllt ee Maufel dobäi iessen , wéi zum Beispill eng gutt Kachkéisschmier.

Good Idea : D'Wäistuff Deisermillen kann och fir Familljen- oder Firmefester verlount ginn.

Wäistuff Deisermillen



Meechtem

 75 84 68
 75 92 62

 info@caves-schlink.lu
 
 Vum 1. Mee bis den 9. Oktober ass op : Donneschdes a Freides vu 15.00 bis 22.00 Auer Samschdes, Sonndes an op de Feierdeeg vun 12.00 bis 22.00 Auer Vum 10. Oktober bis den 30. Abrëll as op: Freides a Samschdes vun 15.00 bis 21.00 Auer Sonndes an op de Feierdeeg vun 12.00 bis 21.00 Auer
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 3 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché