02 May 2014

Wëllt Geméis mat vill Vitamin C: Sauerampel

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Wësst Dir, wat fir e Geméis am Moment nieft der wuelbekannter Spargel nach “Saison huet”? Mir hunn um Lëtzebuerger Wochemaart beim President vum Lëtzebuerger Maarteverband, dem Niki Kirsch, nogefrot a presentéieren Iech e weidert Geméis vum Mount: de Sauerampel. Et fënnt een en dacks wëll an der Natur, e kann an eise Breedegraden awer och gutt ugebaut ginn.

Dowéinst ginn am Moment um Wochemaart och déi jonk zaart Blieder ugebueden. Se enthale vill Vitamin C a loossen sech op verschidde Fassonge verschaffen. Zum Beispill als Zalot (eventuell mat Spinat vermëscht) oder och als Zopp. D’Sauerampelszopp keent ee virun allem a Frankräich an an der Belsch, an och den Nikki Kirsch ësst de Sauerampel am léifsten als Zopp. Hei ass säi Rezept:

Sauerampelszopp (fir 6 Persouen)

Dir braucht:

  • 2 Gräpp Sauerampelblieder
  • e Grapp Kierwel
  • Salz, Peffer
  • 2 Zoppeläffel Miel
  • 80 g Botter
  • eng réi gerappte Gromper
  • 1/8 l Ram
  • 1,5 l Fleeschbritt

 

Preparatioun:

  • D’Sauerampelsblieder an de Kierwel wäschen an de Still eraushuelen.
  • Dann d’Blieder an de Kierwel graff zerklengeren an bei mëttlerer Hëtzt an ongeféier 30 g Botter dëmpen.
  • An enger Kasseroll de Rescht Botter mat zwee Zoppeläffel Miel hellgiel schmëlze loossen.
  • No an no mat der Fleeschbritt läschen.
  • Dëse Roux bei d’Geméis schëdden a mat der Britt opfëllen.
  • Lo eng réi Gromper drarappen an ongeféier eng hallef Stonn kache loossen.
  • D’Zopp mat engem Handmixer liicht duerchmixen an d’Ram derbäi ginn.
  • Mat Salz a Peffer ofschmaachen.

 

Gudden Appetit!

Kommt dach mol um Wochemaart laanscht! Do fannt Dir nieft dem Sauerampel nach vill aner “Maart-Good-Ideas”!

Good Idea : Probéiert einfach mol dem Niki Kirsch säi Sauerampelszopp-Rezept!
Dës eigentlech "wëll" Geméiszort gëtt zu Lëtzebuerg och ugebaut.

Frëschmäert


Place Guillaume II
L-2090 Luxembourg

 +352 43 94 44 1

 Elisabeth.cruz@clc.lu
 
 Mëttwochs bis samschdes vun 7 bis 13.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché