02 Nov 2015

…What else ?

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Nee, dem George Clooney wäert Der do wuel net begéinen, obwuel hien all Grond hätt op en (N)Espresso an déi schick nei Nespresso-Boutique an der Stad laanscht ze kommen. D’Geschäft ass am Summer 2015 op eng nei Adress geplënnert an zwar an d’Groussgaass. Vill Luucht, schicken Design a méi Plaz wéi virdru sollen Äert Kaffiserliefnes méi schéi maachen.

Natierlech gëtt et och am neie Look déi berühmt Wand mat de verschiddenen Zorten an alle Faarwen: 23 Goûten a limitéiert Serien, ausserdeem nach Maschinnen an Accessoiren. D’Kaffisberoder huelen sech Zäit an invitéieren Iech gär op eng Nespresso-Spezialitéit an der stylescher Bar. Do kritt Dir och Informatiounen zu den ënnerschiddleche Charakteristiken a Goûte vun de verschiddenen Zorten.

Membere vum Nespresso-Club kënnen iwwregens hir gebrauchte Kapselen am Recycling-Eck ofginn. Si ginn duerno zu 100% recycléiert.

Good Idea : Genéisst Äre Kaffi wéi den Georges … déi nei Nespresso-Boutique bitt Iech e vill méi agreabele Kader wéi virdrun.
Dir kënnt Är gebrauchte Kapselen am Geschäft fir de Recycling ofginn.

Nespresso


45, Grand-Rue
L-1661 Luxembourg

 +352 80 02 26 33

 Méindes bis freides vun 10 bis 18 Auer. Samschdes vun 9.30 bis 18.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché