09 Jun 2014

Ze schued fir wäiss Zooss!

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

An eiser Serie “Geméis vum Mount” kënnt elo en neit Geméis frësch op den Dësch: De Choufleur. En ale Bekannten, keng Fro. Mä vun Enn Mee u gëtt de Choufleur och zu Lëtzebuerg gëernt a verkaf. Virdeel: Schonn den Dag nodeems e vum Feld geholl gouf, kënnt Der en um Lëtzebuerger Wochemaart kafen.

Wat méi frësch, wat méi Vitamin C a Mineralstoffer erhale bleiwen, erklaërt eis de President vum Lëtzebuerger Maarteverband, den Niki Kirsch. “En importéierte Choufleur, dee véier bis fënnef Deeg al ass, huet scho ronn d’Halschent vun de wäertvollen Inhaltstoffer verluer.” De Choufleur huet zu Lëtzebuerg bis an den Hierscht era Saison.

Sou gëtt e preparéiert:

  • D’Gréngs ewechmaachen an d’Réisercher erausbriechen
  • ronn 10 Minutten am Salzwaasser kachen
  • ofdrëpse loossen
  • e bësse Botter brong gi loossen
  • virum Zerwéieren de sougenannten “bronge Botter” iwwer de Choufleur schëdden
  • evtl. nach e bësse Muskotnoss derbäi ginn

 

Op kee Fall sollt een, sou seet den Niki Kirsch, de Choufleur a wäisser Zooss “erdränken”. Wann nom Iessen nach eppes Rescht ass, kann een en iwwregens einfach kal als Zalot verschaffen, mat Esseg, Ueleg an Ënnen gemëscht.

Kommt dach einfach mol um Wochemaaart laanscht! Do fannt Der nieft Pourpier nach vill aner “Maart-Good Ideas”!

Good Idea : Ze vill Choufleur gekacht? Maacht aus de Reschter einfach eng Zalot!
Choufleur kann an der Regel vun Enn Mee un och zu Lëtzebuerg recoltéiert ginn.

Frëschmäert


Place Guillaume II
L-2090 Luxembourg

 +352 43 94 44 1

 Elisabeth.cruz@clc.lu
 
 Mëttwochs a samschdes vun 7 bis 13.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché