Et ass Fréijoer, Weekend, an Dir géift gär zu zwee, mat der Famill oder mat Frënn e puer agreabel Stonne verbréngen? Gitt brunchen! Eng perfekt Méiglechkeet, den Alldag ze vergiessen, den Dag ganz entspaant unzefänken a sech Séisses a Gehäerztes zu Gemitt ze féieren.
Zu Lëtzebuerg ginn et gläich e puer Brunch-Méiglechkeeten, a ganz ënnerschiddleche Lokalitéiten.
- Am „Mudam Café“ vum Musée fir modern Konscht kënnt Der Brunch- a Konschtgenoss matenee verbannen.
- Am „Boos“ erwaart Iech Chillout mat Live-Musek.
- An der Abtei Neumünster am Gronn bitt Iech d’„Brasserie Neumünster“ Live-Jazz a Brunch.
Entdeckt eis Auswiel vu Good Ideas fir Äre Weekend-Brunch an erzielt eis an deenen aneren, wéi et war.















