09 Jul 2012

Italienesch genéissen zu Lëtzebuerg

vun Good Idea | Kommentéieren

Bella Italia in good old Lëtzebuerg … Fir e südlännesche Flair suergen (och op driibsegen Deeg) déi vill italienesch Restauranten, déi hir Clienten am ganze Land mat mediterranen Delikatesse verwinnen. De Grand-Duché ass bekannt fir seng multikulturell Bevëlkerung an déi international Clientèle. D’Italiener si mat ronn 18.000 (Stand 2011) Awunner déi drëttgréisst auslännesch Gemeinschaft am Land.

Net nëmme Pizza a Pasta als Klassiker vun der italienescher Kichen, ma och manner bekannten Nabblereie maachen aus Ärer kulinarescher Rees duerch déi italienesch Gastronomie zu Lëtzebuerg en Erliefnes. Vum traditionelle Pizzabäcker iwwer Feinkost-Butteker mat Takeaway bis zum Stärerestaurant ass fir all Goût a Budget eppes derbäi.

Entdeckt eng ganz Rëtsch italienesch Restauranten op eisem Blog a post och Är gutt Iddi. Buon appetito!

Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché