09 Jun 2014

Op den Terrasse vu Lëtzebuerg entspanen!

vun Good Idea | Kommentéieren

Gënnt Iech eng kleng Auszäit a genéisst d’Sonn a waarm Summerowenter op enger vun de villen Terrasse vu Restauranten a Baren an der Stad an um Land. Wann d’Ambiance stëmmt, dann ass den Erhuelungseffekt ëmsou méi grouss. Mir hunn dofir fir Iech e klenge Choix un Terrassen zesummegestallt – all mat engem gewëssen Extra, dat Iech gefale kéint.

An der Stad zum Beispill fannt Dir matzen am Zentrum beim Cafetin de Buenos Aires e klengen, mee ganz flotte Bannenhaff, eng Oas am Stater Gewulls. Wann Der gär eng Vue op déi berühmtste Fra vu Lëtzebuerg hätt, da wier de Zanzen ze recommandéieren. Dee fannt Der guer net wäit vun der Gëlle Fra ewech! Matzen am liewege Quartier Clausen sollt Der Iech awer op kee Fall d’Terrass vum Le Sud entgoe loossen.

E bësse méi aus der Stad eraus kënnt am Boos Café Vakanzestëmmung op. D’Féiss am Sand, Cocktail an der Hand – wat wëllt ee méi? Um Land lackelen ausserdeem vill Restaurante mat groussen Terrassen a schéin amenagéierte Gäert, wéi zum Beispill “Beim Wäisse Schwäin” an “Septime Restaurant”. Genéisst de Summer zu Lëtzebuerg!

Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché