11 Nov 2013

À la soupe

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Lo heescht et och am Garer Quartier „À la soupe“! Dat erfollegräicht Konzept vun enger Bar mat héichwäertegen Zoppen, déi gutt schmaachen dréit schonn zanter 2010 an der Uewerstad (9, rue Chimay) seng Friichten. Och wann een an den Zoppebare séier eppes ze iesse kritt, ass et alles anescht wéi klassessche Fastfood. Dat garantéieren déi gutt Rezepter vum Kichechef Pascal Henrot, deen Iech mat senge Kreatiounen iwwerrasche wäert.

Ganz beandrockend ass och den Design vun der neier Bar: Den däitschen Designer Alex Kufus ass weltwäit bekannt fir säi minimalisteschen Industriedesign. Wann Der net op der Plaz iesse wëllt oder kënnt, hutt Der d’Méiglechkeet vun der “to go”-Optioun ze profitéieren. Iwwregens kënnt Dir hei och moies Kaffi drénken, an Desserte ginn et och, scho vun 3 Euro un. Also waart net laang a gitt séier schmaachen!

Good Idea : Fir d'Zoppe kritt Dir Punkten op eng Carte de fidélité. Bei néng bezuelten Zoppen ass déi zéngt fir näischt.

À la soupe


4, rue Bender
L-1229 Luxembourg

 +352 26 19 02 63

 
 Méindes, mëttwochs a freides vun 11 bis 18.30 Auer. Denschdes a donneschdes vun 11 bis 17.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

  • Malou: 2013-12-02 17:40:28
    Soupes trop salées ces derniers temps :((
    Parfois c'est bon mais en général je trouve que la qualité est en baisse.
    Dommage...
  • maria: 2013-12-01 21:34:44
    horrible la soup et trop chere pour rien
  • jean: 2013-12-01 21:31:22
    the soup is horrible and expensive. bad experience and money for garbage
Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché