06 Jan 2014

Ausgefale Burger op Rieder

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Stellt Iech mol e gudde Lëtzebuerger “Judd mat Gaardebounen” a Burger-Form vir. Geet net? Gëtt et net! Well déi an nach aner kreativ Plate kritt Dir beim “Food Truck”.

D’Konzept vun dësem Restaurant op Rieder verbënnt d’Kiche vun New York mat där vu Lëtzebuerg. Probéiert mol z.B. dee sou genannten “Luxemburger”, mee och klassesch Burger, déi mat extra aus den USA importéierten Zosen an Ënnen hiergestallt ginn. Op der Kaart fannt Dir ausserdeem klassesch Plat-du-jouren.

De Food Truck ass op verschiddene Plazen am Land unzetreffen (z.B. zu Stroossen) a kann ausserdeem fir speziell Evenementer gelount ginn! All d’Infoen dozou an zu de Plaze fannt Dir op der Internetsäit vu Food Truck.

Good Idea : Eng ëmgebauten amerikanesch Ambulanz mat extrem guddem Kascht u Bord!

Ausgefale Burger op Rieder



Strassen

 +352 621 359 059

 hello@foodtruck.lu
 
 Infoen op der Food Truck-Websäit.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché