22 Feb 2015

Beim Wäisse Schwäin

vun Mike | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Wéi wier et mat engem Ausfluch op d’Land? An der klenger Uertschaft Rippeg an der Géigend vu Jonglënster erwaart Iech en architektoneschen a kulinaresche Bijou. Den alen Duerfcafé gouf am richtege Sënn vum Wuert mat vill Goût restauréiert an ausserdeem behënnertegerecht ëmgebaut.

“Beim Wäisse Schwäin” iesst Dir lëtzebuergesch. De Kichechef Alain Weiss an seng Equipe interpretéieren déi traditionell Kichen op modern Aart a Weis. Op der Kaart fënnt een nieft der klassescher “Bouchée à la Reine” och “Hausmaacher Träipen” oder “Judd mat Gaardebounen”. Souwäit wéi méiglech gëtt alles aus frësche Produiten a Kraider aus dem hauseegene Gaart selwer gemaach.

Nieft dem À la Carte-Restaurant fir 60 Persoune gëtt et nach e Festsall fir Familljen- oder Betribsfeieren. D’Infrastruktur eegent sech och fir Seminairen, Ausstellungen, Liesungen oder Cabaretsvirstellungen. Am Haus ass och e klenge Buttek mat Wäiner a Lëtzebuerger Produite wéi “Téi vum Séi” , “Seef vum Séi”oder Hunneg a Schnaps. Am Summer erwaart Iech eng grouss Terrass an d’Kanner eng fonkelnei Spillplaz!

Good Idea : Nieft Iessen a Gedrénks erwaarden  Iech "Beim Wäisse Schwäin" och reegelméisseg kulturell Evenementer. Kuckt Iech eise Kalenner op der Internetsäit vum Restaurant un!

SERVAR sa


2 an der Gruecht
L-6246 Rippig

 +352 26 78 43 44

 info@bws.lu
 
 Kichen: mëttwochs bis samschdes vun 12 bis 14 a vun 18.30 bis 21.30 Auer, sonndes vun 12 bis 14 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché