22 Apr 2013

Boccon di Vino

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Wéi wier et mat engem kulinareschen Ausfluch an d’Welt vun den italienesche Goûten? Den “Boccon di Vino” am Häerz vun Esch/Uelzecht bitt Iech op zwee Stäck attraktiv italienesch Gastronomie.

Um Rez-de -chaussée ass de Bistrot mat enger Terrass. Probéiert eng Auswiel vu Charcuteries- a Kéisspezialitéite mat engem gudde Glas Wäin dobäi. Verschidde sougenannten “Menus bistronomiques” si besonnesch an der Mëttespaus beléift.

Am spéiden Nomëtteg an owes ass hei déi perfekt Plaz fir en Aperitif ënner Frënn a fir de klengen Honger tëschenduerch. Am Restaurant zerwéiert Iech de Kichechef Santo eng lackeleg Auswiel un italienesche Platen. Wann do keng Vakanzestëmmung opkënnt…

Good Idea : Den "Boccon di Vino" bitt och e Partyservice un, stellt e Kach fir Är Party an organiséiert Kachcoursen.

Boccon di Vino


58, avenue de la Gare
L-4130 Esch-sur-Alzette

 +352 26 54 72
 +352 26 54 72 26

 info@boccondivino.lu
 
 Méindes bis samschdes vun 12 bis 14 Auer a vun 19 bis 22 Auer. Sonndes vun 12 bis 14 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

  • JOLY KATIA: 2013-10-25 11:36:15
    Cuisine délicieuse et authentique, produits frais importés d'Italie. Ce restaurant se distingue de par sa qualité et la gentillesse de leurs propriétaires.
    Blasée par les interminables spaghettis carbonara ou pizzas, j'ai retrouvé là-bas les vraies saveurs de mon pays d'origine. Merci Carla et Santo!
Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché