26 Apr 2012

Brasserie Le Neumünster

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Entdeckt déi wonnerschéi geleeën Abtei Neumünster an hir Brasserie Le Neumünster an der Stad Lëtzebuerg! D’Brasserie huet e Wochemenü an eng un der Saison orientéiert Menüskaart. Jiddwer Sonndegmueren invitéiert d’Brasserie vun 11 Auer un op e Live-Jazzconcert.

Den Entrée ass fräi! Nom Jazz waart e Brunchbuffet an engem Sall vun der Abtei op Iech (2. Stack, Kräizgang oder Agora, an am Summer op der Terrass). Käschtepunkt: 28 Euro pro Kapp. Am beschte reservéiert Dir Ären Dësch iwwert d’Internetsäit vun der Brasserie. Eng aner Schlabäizchen: de “Menu de l’Actu”. All éischte Méindeg am Mount hält de Claude Frisoni seng Presserevue, dobäi gëtt et en Thememenü. D’Brasserie Le Neumünster bitt iwwregens och e Partyservice un.

Good Idea : An der Brasserie Le Neumünster gëtt „Culiculture“ groussgeschriwwen, eng Kombinatioun aus kulinareschen a kulturelle Mäifelcher!

Brasserie Le Neumünster


28, rue Münster
2160 Luxembourg

 +352 26 20 52 981
 +352 26 20 52 987

 info@abbaye.lu
 D’Brasserie ass esou gutt wéi all Dag op, et sief, de Programm vun der Abtei géif dat net erméiglechen. Fir sécher ze sinn, kontaktéiert am beschten d’Brasserie. De Concertsprogramm fannt Dir op www.jail.lu.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

  • D: 2012-11-07 15:26:18
    Location is beautiful, so good for drinks/concerts/etc but horrible food and service - avoid eating here!
Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché