05 Feb 2016

Burger-Genoss mat Diner-Flair

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Bei Memphis Coffee taucht Dir an déi kulturell Welt vun Amerika aus de 1950er Joren an. Musek aus der Jukebox mat ville Lidder fir selwer erauszesichen, glëtzereg  Miwwelen  a knallege Faarwen, historesch Reklammeschëlter, Bensinssailen, Biedem mat Schachbrietmuster.

Eise kulinareschen Ausfluch starte mer mat engem Cocktail, decidéieren eis da fir eng Gedrénks-Flatrate (fir e klenge Supplement). “Fabulous Tapas”, déi US-amerikanesch Variant vu klengen Häppercher mat ë.a. Onion Rings an Chicken Wings, gëtt et als Entrée. Als Haaptplat wiele mer vun enger grousser Burgerkaart den “King”. Jee no Appetit kann ee bis zu enger 6-facher Portioun Rëndfleesch bestellen.Dat kënnt iwwregens aus Frankräich a gëtt frësch geliwwert. Dobäi kritt ee lecker Fritte mat spezieller Memphis-Zooss an enger klenger Farmer-Zalot zerwéiert. Do bleift kaum Plaz méi fir en Dessert, mee d’Menüskaart verféiert zu méi … verschidde Caken, Shaken a Glacë vu Ben&Jerry’s.

Zënter dass et Diner ginn, also sou zënter Enn vum 19.Joerhonnert, gehéieren se virun allem an den USA op ville Plazen zur Stadkultur. Déi Chance gëtt et och zu Beggen: Eng ongezwongen, ganz agreabel Ambiance, e frëndleche Service (an enger stilvoller Uniform) an déi super Offer un Iessen a Gedrénks hunn och Memphis Coffee séier vill zerfridde Stammclientë bruecht. D’Beggener Strooss ass zwar keen amerikaneschen Highway, mee wie bei Elvis-Musek an engem Schockelas-Milkshake zur Fënster erauskuckt, kritt op d’mannst genuch Inspiratioun fir e bëssen ze dreemen. Probéiert et mol aus!

Good Idea : Genéisst a spuert: Kuckt no deene verschiddene Menüs-a Kombinatiounsofferen!

Memphis Coffee


233-241, rue de Beggen
L-1221 Luxembourg

 +352 24 52 70 30

 memphisbeggen@pt.lu
 
 All Daag vun 12 bis 24 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché