12 Nov 2012

Chez Max

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

“Chez Max” ass méi wéi e klassesche Restaurant. A verschiddene Raimlechkeete a ganz ënnerschiddleche Stiler fënnt ee Restaurant, Brasserie a Sandwicherie Fine harmonesch ënnert engem Daach. Déi rosa Fassad a verschidde Wandelementer vun der aler Post ginn där Plaz en agreabele Kader, fir sech ze treffen an ze degustéieren an dat an enger waarmer a gläichzäiteg moderner Atmosphär.

De Salon mat Kamäinfeier an déi zwou Terrasse bidden Iech jee no Saison déi richteg Ambiance. D’Kiche vun “Chez Max” ass equilibréiert a qualitativ héichwäerteg.

D’Gourmeten a Genéisser ënnert Iech wäerte begeeschtert si vum Choix. Chez Max, the place to eat!

Good Idea : Vu méindes bis freides kritt Dir eng ofwiesslungsräich "Lunch-Express"-Formel (Entrée an Haaptplat), déi all Dag changéiert, ugebueden.

Chez Max


1, Duarrefstrooss
L-9991 Weiswampach

 +352 26 90 80 82

 info@chezmax.lu
 
 Méindes bis donneschdes a sonndes vun 11.30 bis 22 Auer. Freides a samschdes vun 11.30 bis 23 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché