24 May 2013

Déi nei La Belle Etoile

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

De Shopping-Star vu Lëtzebuerg blénkt lo nach méi hell: D’Belle Etoile entwéckelt sech no enger ëmfangräicher Vergréisserung zum gréissten Akafszentrum vun der Groussregioun. D’Erfollegsgeschicht huet 1974 zu Bartreng, net wäit ewech vun der Stad, ugefaang.

Den Center gouf e puermol ëmgebaut a vergréissert a bitt nom Ofschloss vun der aktueller Erweiderungsphas 65 000 m² Fläch, dovunner 39 000 m² reng Verkafsfläch. Am ganzen 105 Butteker, dorënner 35 neier, bidden Iech an der neier Belle Etoile een nach méi villfältegt Akafserliefnes. Kleeder, Schong a Maroquinerie, Miwwelen, Dekoratioun, Fräizäit/Kultur, Beauty, Restauranten an aner Servicer… d’Lëscht vun de Branchen, déi hei vertruede sinn, ass laang.

Ausserdeem gouf de Gesamtkomplex nei gestalt an d’Zuel vun de Parkplazen op 3200 erhéicht.

Good Idea : Entdeckt déi nei La Belle Etoile an hir 105 Geschäfter!

Déi nei La Belle Etoile


Route d’Arlon
L-8050 Bertrange

 +352 31 02 31 1
 +352 31 02 31 54 41

 
 Infoen op d’Internetsäit vun La Belle Etoile.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché