28 May 2015

Éischte Restaurant mat laktos- a glutefräiem Kascht zu Lëtzebuerg

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Wann Dir selwer eng Liewensmëttelallergie hutt oder eng Intoleranz op verschidde Bestanddeeler am Iessen, da wësst Der, wéi ëmständlech et dacks ass, auswäerts iessen ze goen. D’Menüskaart muss penibel genau duerchgekuckt ginn, da musst Der e puermol nofroen, ob och wierklech keng Laktos a kee Gluten am Iessen dran ass …

Mee lo kënnt Dir Iech entspanen an einfach genéissen: Quichen, Pizzaen, Brout, Muffins, Schockelaskuch … alles ouni Risiko! Well am Restaurant “Le Bec Fin” (am Hotel “Parc Belle Vue” am Belairer Quartier) huet d’Lene Petersen hiert Konzept “Lenelife” verwierklecht.

Si bitt Platen ouni Laktos an ouni Gluten un an och Plate mat manner Zocker, an zwar ëmmer mëttes an der Woch. Dir kënnt Äert Iessen och am Viraus bestellen a siche goen oder et iwwer Grouplunch.lu liwwere loossen. Op der Internetsäit Lenelife.com fannt Dir déi gesamt Offer, ganz am Sënn vun “Happy Body, Happy Mind”!

Good Idea : Mënsche mat Liewensmëttelallergië kënnen dank de Lenelife-Platen ouni Problem mat Famill a Frënn iesse goen. Déi bestellen dann déi 'normal' Plate vun der Menüskaart am Restaurant "Le Bec Fin".
Hei kommen nëmme frësch Produiten op den Dësch! Déi meescht Plate si vegan, bei verschiddene kann een op Wonsch Fleesch derbäi bestellen.
Op Lenelife.com kënnt Dir Iech d'Platen ukucken an ë.a. via Grouplunch.lu direkt bestellen.

Lenelife @ Le Bec Fin


5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg

 +352 621 439 107

 info@lenelife.com
 
 Méindes bis freides vun 12 bis 14 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché