10 Sep 2013

ELCH

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Wann een “Elch” op Franséisch géif iwwersetzen, da géif de Restaurant “Elan” heeschen, an dat géif gutt passen. Well seng Equipe ass ëmmer mat vill Elan a Schwong derbäi, wann et drëm geet, Iech en onvergiessleche Souvenir ze verschafen, e Souvenir geprägt vu Gléck a Convivialitéit. An enger waarmer skandinavescher Ambiance, déi Iech verzaubere wäert, gitt Der beim “Elch” wéi an engem Chalet an de Bierger, schick an dekontraktéiert, empfaangen. Dir kënnt Iech da gär an där flotter  Salle à manger installéieren, wou Der de Choix hutt: op där enger Säit beim gemittleche Kamäin mam oppene Feier am Wanter, op där anerer Säit op der heller Veranda. Dir wäert begeeschtert si vun der Kichen, déi souwuel originell wéi och traditionell an innovant ass.

Ganz fäin, dacks extravagant, ass se de Reflet vum Kichechef, dem Martin Bolaers. Probéiert onbedéngt seng frësch preparéiert Tartaren, all eemoleg op hir Manéier! Och d’Wäikaart, op där Der ënner anerem e puer al Millesimë fannt, léisst kee Wonsch onerfëllt. De Restaurant huet iwwregens e Wäikeller, deen ee kucke goe kann a wou een och iesse kann. Um 1. Stack erwaart Iech eng Bar, wou Dir an enger cosy Ambiance Cocktailer an aner rar Alkoholer schmaache kënnt. Amateure vun Zigarre kënne beim “Elch” en Zigarrekeller an éischtklassesch Havannas entdecken.

 

Good Idea : Wann d'Wieder schéin ass, kënnt Der beim "Elch" op senger grousser Terrass bei engem schéine Sprangbuer a vill Gréngs entspanen. An all freides owes ass Ambiance "club branché" mat DJ ugesot.

ELCH


2, Grevelsbarriere
8059 Bertrange

 274444

 info@elch.lu
 
 Mëtteg vun 12 bis 14 Auer a Owes vun 19 bis 22 Auer
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché