16 Feb 2017

Eng Food Bar, fir vegan ze genéissen

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Wann Dir bei “Flowers Kitchen” erakommt, da spiert Der schonn, dass et sech dobäi net ëm e klassesche Restaurant handelt. D’Gerante Maya schwätzt dofir och léiwer vun enger  “Food Bar”: engersäits e branchéierten, urbane Stil, anerersäits eng gemittlech Atmosphär mat der néideger Portioun Gebuergenheet.

Alles, wat Dir an “Flowers Kitchen” ugebuede kritt, ass hausgemaacht, och dat immens gutt Brout. D’Food Bar schafft exklusiv mat vegane Produiten, wat awer net bedeit, dass d’Clientèle nëmme vegan ësst. “Ech géif menge Gäscht gär virun allem eng Alternativ fir klassescht Iesse weisen”, erklaërt eis d’Maya. “Wann Dir dann op de Goût kommt, ëmsou besser, mee mir wëllen hei kee bekéieren.”

All Dag gëtt e waarme Plat ugebueden, donieft verschidde Plate vun der permanenter Menüskaart. D’Iessen an d’Gedrénks kann een iwwregens och mathuelen an anerwäerts genéissen. Méi Ablécker an déi kulinaresch Welt vun “Flowers Kitchen” gëtt et op der Facebooksäit vun der Food Bar.

Good Idea : An der "Flowers Kitchen" ass alles hausgemaacht.
Dës Food Bar verschafft nëmme vegan Produiten.
Hei kritt Dir hausgebakent Brout.

Flowers Kitchen


7, rue Glesener
L-1424 Luxembourg

 +352 28 99 69 82

 eat@flowerskitchen.lu
 Méindes bis samschdes vun 7.30 bis 15 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

  • To-Bio-or-not-To-Bio: 2017-02-24 16:07:43
    Vegan, d'accord, mais quitte à manger sain, les plats et aliments sont-ils bio ? Voire sauvages (sans aucun intrant chimique ni médicament, pendant ou après la culture) ?
    Après tout, il serait dommage de digérer convenablement des aliments empoisonnés par des pesticides, insecticides et herbicides,qui sont tous des biocides (littéralement des tueurs de vie).
Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché