16 Jul 2014

Eng këstlech Vue op d’Lëtzebuerger Geschicht

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Wéi de Siggy 963 de Bockfiels kaaft huet, hat en ënner Ëmstänn och eng Terrass mat Vue, mee sécher keng sou eng gutt Kichen! Haut géif hien et sech niewendrun “Beim Siggy” gemittlech machen.

Dat aalt Haus an exposéierter Lag huet tatsächlech eng beandrockend Panoramaterrass an zousätzlech zum Restaurant eng Lounge Bar. Um Menu sti lëtzebuergesch a franséisch Platen. Vun einfachen a séiere Platen (Sandwich, Burger, …) bis bei d’Klassiker vu béide Kiche wéi Entrecôte, Tartare, Wäinzoossiss a Feierstengszalot bitt “Beim Siggy” senge Gäscht en ofwiesselungsräichen Iess-Programm.

A wann Der op dem Siggy seng gutt Iddi, de Fiels zu Lëtzebuerg ze kafen, proste wëllt: Bei där grousser Auswiel u Lëtzebuerger Wäiner vun der Musel a franséische Wäiner dierft Iech dat net schwéier falen. Prost!

Good Idea : Reservéiert mat Zäit, dann ass Iech bei guddem Wieder Är Plaz  an der Sonn garantéiert!
Hei kritt Der ë.a. typesch lëtzebuergesch Platen a Wäiner vun der Lëtzebuerger Musel.

Beim Siggy


2, montée de Clausen
L-1343 Luxembourg

 +352 26 20 22 66

 info@beimsiggy.lu
 
 Méindes bis sonndes vun 11 bis 23 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

  • Houston Porter: 2015-04-26 16:04:24
    This sounds great! We look forward to trying Beim Siggy during our upcoming visit.
Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché