30 Mar 2017

Eng kleng Oas vu Rou a guddem Goût

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Déi schéi beplanzten Terrass vun deem Restaurant am Rollengergronn léisst ee séier vergiessen, dass d’Hektik vun der Stad ganz no bäi ass. “La P’tite Maison” ass eng Oas vu Rou a Gemittlechkeet.

Dobannen iesst Dir an enger gemittlecher Ambiance, begleet vu Lounge-Musek. De Chefkach Paul-Henri Chahmerian empfänkt Iech hei zënter Mee 2016. Hie kënnt aus der franséischer  Stad  Lyon an huet a verschiddene  Spëtzerestaurante säin Handwierk geléiert. Dat schmaacht Dir bestëmmt, wann Dir ee vu sengen traditionelle Plate probéiert.

Zu de Platen aus der franséischer Kiche gehéieren zum Beispill mat Foie gras gefëllte Schwéngsféiss , Côte vum Black Angus, Dorade royale. Souwäit wéi méiglech ginn d’Plate mat Ingredienten aus lokaler a biologescher Produktioun preparéiert. Well et net einfach ass, an der Ëmgéigend ze parken, bitt de Restaurant e Parkservice un.

Good Idea : Hei genéisst Dir klassesch franséisch Kichen op héijem Niveau.
Vill Ingrediente kommen aus der lokaler Produktioun.

La P’tite Maison


100, rue de Rollingergrund
L-2040 Luxembourg

 +352 27 99 90 09

 info@laptitemaison.lu
 
 All daag vun 12 bis 14.30 a vun 19 bis 22.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché