26 Feb 2016

Excellent vegetaresch Kichen ouni Allüren

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Haut huele mer Iech mat an e vegeterasch-vegane Restaurant. Vergiesst all d’Klischeeën, déi Dir eventuell mat där Kiche verbannt. Am “Beet” confirméiert sech keen dovun. An engem schicken, puristesche Kader zerwéiert eng jonk Equipe Iech vegetaresch a  vegan Platen an därer, déi fir Allergiker gëeegent sinn (z.B. ouni Gluten), Platen, wéi Dir se wahrscheinlech nach ni geschmaacht hutt.

Zoppen, Zaloten, Falafel, Burger-Menüen, Desserten, frësch Jusen … wat fir d’éischt mol gewéinlech kléngt, presentéiert sech mat engem Bléck op dat , wat dran ass a wéi et kombinéiert ass, als absolut aussergewéinlech. Kreative Kapp a Meeschter vun de grénge Genëss ass den Nico Curtil. De gebiertege Fransous geréiert zu Innsbruck ee vum Gault Millau ausgezeechente vegetaresche Restaurant. Zesumme mat senge Lëtzebuerger Partner Pitt Weber a Frank Thinnes markéiert hien am Moment um Knuedler matten an der Stad neie kulinareschen Terrain.

Dir sëtzt am “Beet” a braucht Orientéierungshëllef? Kee Problem, well all d’Mataarbechter sinn net nëmme gutt iwwer d’Iessen informéiert a ginn Iech gär perséinlech Tuyauen, mee si schwätzen och all déi zu Lëtzebuerg geleefeg Sproochen. Hei gëtt awer keen zum Vegetarier bekéiert, betount d’Gerante Caroline a schmunzelt. Firwat also net mol en alternative Brunch (à la carte)? Rendez-vous ass all Sonndeg vun 11 bis 15 Auer, am Summer och op der Terrass dobaussen.

All dräi Méint ass ausserdeem am “Beet” e gastronomeschen Owend. Do kënnt Dir dann am Kader vun engem 7-Gäng-Menü déi ganz Diversitéit vun der vegetarescher Kichen entdecken. Informatioune ginn et op Facebook.

Good Idea : Zu Lëtzebuerg ass ee gutt Cateringe gewinnt. Awer iergendwann kann et langweileg ginn. Mat der Offer vum Restaurant "Beet" kënnt Dir Är Gäscht wierklech iwwerraschen!
Méi gréng geet et net: Den Numm "Beet" ass Programm. Ausserdeem kennt d'Equipe sech mat Liewesmëttelallergien aus a kann entspriechend Delikatessen zauberen.
Sou wäit wéi méiglech gi prioritär regional Produite verschafft.

Beet


32, place Guillaume II
L-1648 Luxembourg

 +352 26 20 13 75

 info@beet.lu
 
 Denschdes bis donneschdes vun 12 bis 22 Auer. Freides a samschdes bis 23 Auer. Sonndes vun 11 bis 15 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché