24 Jul 2015

Frësch a gesond fir d’Mëttespaus

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Eng Tut Popcorn an eng Fläsch Cola … de klasseschen “Menü” am Kino. Fir datt Dir Iech owes am Utopolis um Kierchbierg e puer Kalorië méi leeschte kënnt, sollt Der op derselwechter Plaz fir d’Mëttespaus oder owes bei “dean&david” laanschtkommen. D’Konzept vun dësem spannende Restaurant ass virun aacht Joer zu München entstan a läit haut ganz am Trend vu frëscher a gesonder Ernärung.

Waarm oder kal Zaloten (inkl. Zalotebuffet), Sandwichen, Zoppen … alles frësch an op der Plaz preparéiert. Vegan Produiten, Produiten ouni Laktos an ouni Glute maachen all deenen d’Liewe méi liicht, déi sech dacks genuch aschränke mussen, wann se auswäerts iessen. Onkomplizéiert, modern, urban – wéi d’Platen, sou ass och den Interieur vun dean&david: éischter dezent, vill Holz, e puer Faarfakzenter. Hei sëtzt ee gemittlech! Wann et séier muss goen, kënnt Der Äert Iessen och mathuelen.

Iwwregens “moderniséiert ” dean&david och gär Är (berufflech oder privat) Evenementer kulinaresch. Renséignéiert Iech einfach iwwert d’Catering-Offer per Mail. Dat innovatiivt Konzept huet an der Tëschenzäit vill Amateuren zu Lëtzebuerg. Dofir recommandéiert de Karsten, de Gerant, amplaz tëscht 12 an 13 Auer léiwer e bëssen éischter oder méi spéit laanscht ze kommen. Probéiert et aus!

Good Idea : Um Zalotebuffet kënnt Der Iech Är Wonschzalot zesummestellen.
Dat sollt Dir och probéieren: lecker Bio-Smoothies an déi aromatiséiert Pura Vida Coffees, alles vegan, ouni Gluten an ouni Laktos.
Dir kënnt Äert Iesse vun dean&david iwwer Grouplunch oder d'App Tabs op Ärem Smartphone bestellen.

Dean & David


45, boulevard J. F. Kennedy
L-1855 Luxembourg

 +352 26 68 71 22
 +352 26 68 71 23

 luxemburg@deananddavid.com
 
 Méindes bis samsches vun 11 bis 22 Auer. Zou un Feierdeeg.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché