31 Oct 2014

Frësch gegrillt a selwer gesalzt

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Um Dësch virun Iech sti kleng Schësselcher mat Salzer a verschiddene Faarwen, et richt dezent no frësch Gegrilltem an de passende roude Wäin ass och schonn am Glas.

Fans vum Gegrilltene komme bei Salt&Grill d’ganzt Joer iwwer op hir Käschten. Um Grill landen Hämmelfleesch, Rëndfleesch,Gefligel a Fësch. Alles gëtt an der oppener Kichen zoubereet a mat verschiddene Bäilagen zerwéiert.

Probéiert mol déi original belsch Fritten, déi sougenannten “Bintjes”. Déi ginn duebel am Rëndsfett frittéiert. En Dram fir Amateure vu Fritten!

Awer lo bei d’Salz. Hei hutt der d’Wiel tëscht 6 aussergewéinlechen Zorten: Vum bekannte Sel de Guérande iwwer d’Sel Péruvien, dat am Peru op 3000 Meter Héicht recoltéiert gëtt, bis hin zum Sel bleu de Perse, blo Kristaller mat staarkem Aroma aus Pakistan an dem Iran. Probéiert se einfach mol!

Good Idea : All Donneschdeg ass Spareribs-Dag. All you can eat!
"Produit du Terroir": Bei Salt&Grill kritt Dir Lëtzebuerger Rëndfleesch  zerwéiert - laang ofgehaang fir déi extra Portioun Goût.

Salt & Grill


8, avenue Pasteur
L-2310 Luxembourg

 +352 691 121 881

 
 Méindes bis freides vun 11.30 bis 15 Auer a vun 18.30 bis 23 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché