06 Feb 2015

Geheimtipp fir eng vegetaresch Mëttespaus

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Wann een zu Lëtzebuerg gutt vegetaresch iesse wëll goen, muss een ëmmer nach e bësse sichen… Dofir ass et ëm sou méi wichteg, e puer Geheimtippen ze kennen. De klenge Restaurant ” Au plaisir de vivre” am Hollerecher Quartier gehéiert mat Sécherheet dozou.

De Kader ass familiär: Déi zwou Schwësteren Agnès a Sylvie geréieren dëse vegetaresche Restaurant schonn zënter néng Joer an hunn d’Raimlechkeete mat ville perséinleche Saachen dekoréiert – ënner anerem och eege Molereien.

All Dag preparéieren déi zwou iwwerzeegte Vegetarierinnen Iech en excellente vegetaresche Menü – einfach, gesond an equilibréiert. Frëscht Geméis vun der Saison, Bio-Cereallen a villes méi… genuch Energie fir déi zweet Halschent vum Dag.

Good Idea : Verpasst op kee Fall déi hausgemaachten Desserten: Muertekuch, Kéistaaart a Schocko-Marrons-Kuch ouni Gluten. Probéiere geet iwwer Studéieren!
Wann Dir Iech vegetaresch ernähren oder vegan liewe wëllt, oder wéinst Intoleranze bestëmmte Regimer hale musst, da sidd Dir beim Agnès a beim Sylvie un der richteger Adress. Déi zwee stellen sech gär op Är Wënsch an (Gitt se w.e.g. un, wann der reservéiert).
D'Produiten, déi verschafft ginn, komme souwäit wéi méiglech aus klenge lokale Betriber.

Au plaisir de vivre


143, rue de Hollerich
L-1741 Luxembourg

 +352 48 18 06

 Méindes bis freides vun 12 bis 14.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché