29 Aug 2015

Gesond iessen, Ernärungsziler erreechen

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Manner Gewiicht? D’Rezept dofir schéngt sou einfach: “Gesond Ernärung ass de Schlëssel fir de Succès.” Méi liicht gesot wéi gemaach! Hei kann Iech “Fit-Me Foods” hëllefen. Do preparéiert een Iech all Dag déi passend Platen, vum Kaffi, iwwer kleng Molzechte fir tëschenduerch bis bei d’Owesiessen.

Dir kënnt och direkt am Restaurant zu Contern iessen, d’Plate mathuelen oder och liwwere loossen. Wat sinn Är Ziler? Ofhuelen, mat manner Cholesterin iessen, speziell Regimer (vegetaresch, ouni Gluten, ouni Laktos)? Oder wëllt Dir einfach nëmme gutt iessen? D’Plate vu Fit-Me Foods gi frësch preparéiert an a Portioune verpaakt. All d’Inhaltsstoffer an d’Närwäerter sinn uginn . Sou kënnt Dir net nëmme vill Zäit spueren (keen Akafen, kee Kachen), mee och sécher iessen!

Dat ass virun allem fir Leit mat Liewensmëttelallergien immens wichteg. 90% vun de Platen, déi ugebuede ginn, sinn z.B. ouni Gluten. Vill Spaass beim Iessen … an: Dont’t call it “Regime”!

Good Idea : Maacht mat beim Fit-Me Challenge, fir Är Ernärungsziler konsequent ze erreechen. Et gëtt e Kuerz-Challenge mat enger Dauer vun dräi Deeg oder d'Variant mat 21 Deeg.
Dir kënnt Är Platen online bestellen.

Fit-Me Foods


3-7, rue Goell
L-5326 Contern

 +352 26 35 00 07

 info@fitmefoods.com
 
 Méindes bis freides vun 11.30 bis 14.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché