21 Oct 2011

Grouplunch

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Kantinsiessen ass op d’mannst dem Ruff no éischter mëttelméisseg, a langweileg gëtt et op Dauer och. Allerdéngs huet ee messchtens net genuch Zäit fir laang an de Restaurant ze goen. Wat soll een do maachen? Ma et léisst een sech d’Iesse vu sengem Liiblingsrestaurant einfach an de Büro kommen. “Grouplunch” mécht et méiglech.

Dës lëtzebuergesch Entreprise huet verschidde Restauranten als Partner a ka bei gréissere Quantitéite vu Bestellunge gënschteg Mëttesmenüe liwweren. Ob indesch, thailännesch, asiatesch oder Snacke wéi Zaloten, Sandwichen an Zoppen, an net ze vergiessen Desserten – Grouplunch mécht aus Mëttespaus eng Zäit fir ze genéissen.

Wie bis 10 Auer moies bestellt, kritt d’Iesse bis Mëtteg geliwwert. Déi nei Offere fir den nächsten Dag kritt ee vun 12 Auer un. Bis elo gëtt et dee Service nëmmen an deenen zwou Inndustriezone Cloche d’Or a Bourmicht, mee aner Zone komme bis Enn 2011 nach derbäi. An all Woch maache méi Restaurante mat!

Good Idea : Eng super Alternative zum Kantinsiessen oder zum deeglechen Sandwich.

Grouplunch


 661 878 746

 info@grouplunch.lu
 
 Wie bis 10 Auer moies bestellt, kritt d'Iesse bis Mëtteg geliwwert.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

  • Sylvia: 2016-04-11 21:29:55
    Super Service - es macht richtig Spaß bei Euch das Mittagessen zu bestellen. Tolle Abwechslung und keine Liefergebühr. Besser gehts doch gar nicht. Danke Euch
  • Michael: 2016-02-23 22:50:09
    endlich mal abwechslung beim Mittagessen im Büro und keine versteckten Kosten!
    TOP!!
  • Mareike: 2016-01-17 14:05:15
    Super Idee und tolle Restaurantpartner. Ich bestelle gerne bei GroupLunch!
Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché